D'Friddensliicht vu Bethlehem

D’Iddi vun der „Aktion Friedenslicht" geet op eng Initiativ vun der éisterräichescher Televisioun zréck. Den ORF Landesstudio Linz huet fir Chrëschtdag an enger Sendung zu enger Spendenaktioun opgeruff , déi „Licht ins Dunkel" fir bedürfteg Kanner bréngt. Säit 1986 kréien d’Spender als Merci d’Friddensliicht offréiert. „Licht ins Dunkel" kënn Dir bestëmmt och dëst Joer deen Dag viru Chrëschtag um 3Sat gesinn.

D’Friddensliicht gëtt all Joer vun engem Kand, dat sech besonnesch ëm Behënnerter gekëmmert huet, an der Gebuertsgrott vum Jesus zu Bethlehem ugefaang a mam Fligger op Wien bruecht.

Gläich koumen d‘Organisateuren op de Gedanken déi éisterräichesch Guiden a Scouten ze froen fir bei der Verdeelung vum Friddensliicht ze hëllefen. Si hunn acceptéiert an d’Liicht wäit iwwert hir Landesgrenzen eraus un hir Guiden- a Scoutsfrënn weidergereecht, d’läscht Joer an 28 europäesch Länner.

Zënter 1994 sinn och d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten derbäi. Et waren déi Centser, déi fir d'éischt vun der Aktioun héieren hunn a gläich op Wien gefuer sinn. Schon dat Joer drop huet d’EAR de Patronage iwwerholl an décidéiert, all Joer een anere Grupp mat der Organisatioun ze chargéieren. Esou waren noeneen déi Duelemer (1995), Kënzeger (1996), Ettelbrécker (1997), Réiser (1998), Réimecher (1999), Mäereler, Belairer an Zéissénger (2000), Diddelénger (2001), Sandweiler (2002), Cents (2003), Réiser (2004), Schëfflénger (2005), Ettelbrécker an Dikkrecher (2006) um Tour. 2007 an 2008 gouf een neit Konzept ausprobéiert, andeems an deene 5 Pastoral Regiounen d'Friddensliichtfeieren organiséiert goufen an domat dann och National Delegatiounen op Wien d'Friddensliicht siche goungen. No den Groussbusser Guiden a Scouten (2009) sinn et 2010 dann déi Houwalder déi sech dem Challenge stellen d'Friddensliicht vu Wien op Lëtzebuerg ze bréngen.

Mat dem Zuch gëtt d’Symbol fir de Fridden, d’Toleranz a Solidaritéit queesch duerch Europa bei „all Mënschen déi gudde Wëllen hunn" bruecht. Op den däitsche Garen erwaarden äis ëmmer méi Gruppen fir d’Friddensliicht vun äis z‘iwwerhuelen. Zanter 2007 gëtt et dëse Brauch awer eigentlech net méi, wëll d'Lëtzebuerger Delegatioun (mat zirka 20 Leit) d'Friddensliicht mam Bus op Wien siche geet. D’Lëtzebuerger Gruppen kënne sech d’Friddensliicht op enger Veillée beschafen, déi dee Grupp organiséiert, deen och op Wien d’Friddensliicht siche geet.

D’Equipe d’Animation Religieuse vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten invitéiert och dëst Joer all hir Memberen bei der Aktioun Friddensliicht matzemaachen. Weider Détailer kritt Dir gären an der Aumônerie vum Verband.
(Tél: 26 94 84 - 25 / E-Mail: mail)

Joomla templates by a4joomla