D'Friddensliicht organiséieren

Wann dir mat dem Gedanke spillt fir d'Aktioun Friddensliicht och eemol an ärer Uertschaft mat ärem Grupp z'organiséieren, da fannt dir hei, wéi een sech do uleet.

  1. De Grupp hëllt mindestens ee Joer auswäerts un der Aktioun Friddensliicht deel.
  2. De Grupperot schwätzt ufanks des Joers, Januar bis Abrëll, doriwwer an préift op et eng Méiglechkeet an der Uertschaft gëtt fir 400 Leit ënnerdaach ze bréngen (Kiirch, Centre culturel, Sportshal, Veräinshaus, ....)
  3. De Grupp verfügt iwwert eng Parti fäheg Chef, déi motivéiert sinn esou eng Organisatioun duerchzezéihen, Branchen déi den November an Dezember fir dësen Zweck réservéieren an asazbereet sinn, eng Amicale déi him de Réck stäipt an / oder ee Partner- / Nopeschgrupp dee matmécht..
  4. De Guppechef informéiert d'Aumônerie vum Verband iwwert dem Grupp seng Intentioun.
  5. Den Aarbechtsgrupp "Friddensliicht" hëllt eng Décisioun an informéiert de Gruppechef (Abrëll - Mee)
  6. Den AG Friddensliicht setzt sech nach virun der Vakanz mat de Responsabele vum Grupp zesummen fir déi grouss Linnen ze klären.
  7. Den AG Friddensliicht an de Grupp schaffen ab Oktober Hand an Hand, organiséieren 1 - 2 Veilleën, besuergen d'Friddensliicht zu Wien a verdeelen et an de Veilleën.

Bis elo hu sech folgend Gruppen dëser Erausfuerderung mat Erfolleg gestallt:

JoerGruppUertschaftThema
1994 Hl. Franz vun Assisi Cents Drot an d'Welt e Liicht eraus
1995 St. Martin Duelem Liicht an der Däischtert
1996 St. Rémy Kënzeg Grenzen iwwerwannen
1997 St. Sébastien Ettelbréck Chrëschtdag, net ouni mech!
1998 St. Donat Réiserbann Mir kloen unn !
1999 St. Cunibert Réimech Wéini ass Chrëschtdag? (Grouss)
Wann et hell gët (Kleng)
2000 St. Gengoul
Jhang de Blannen
Notre-Dame de la Route
Märel
Belair
Zéisséng
Nightglow (Grouss)
Wéi de Fridden erëm an den Dall komm ass (Kleng)
2001 St. Jean Diddeléng Randgespréich (Grouss)
Mat Léift a Funtasi (Kleng)
2002 St. Martin & St. Marc Sandweiler Fridden heescht ...
2003 Hl. Franz vun Assisi Cents Fridden "light"
2004 St. Donat Réiserbann Star Search
2005 Yolande & St. Martin Schëffléng Es werde Licht ....!
2006 Ermesinde
St. Sébastien
St. Laurent / Tony Noesen
Ettelbréck
Ettelbréck
Dikkrich
all verschidden
all d'selwescht
2007 National Delegatioun 5 Regiounen Fridden, Solidaritéit a Gerechtegkeet
2008 National Delegatioun 5 Regiounen Dignitéit a Gerechtegkeet fir jiddereen
2009 St. Maximilian Kolbe Groussbus Liicht a Schiet
2010 Don Bosco Houwald Mauere briechen, Fridde stëften, Hoffnung schenken
2011 Abbé Pierre Beetebuerg  
2012 St. Benoît Klierf Mat Fridden gewënnt all Mënsch
2013 St. Martinnew_gif Sandweiler  
Joomla templates by a4joomla